Trainingsstart


27 August 2023

E Méindeg, 21. August war et erëm souwäit, d'Saison ass mam éischten Training gestart. D'Jugend an d'Seniore waren do, fir sech no der Paus nees anzespillen a sech lues a lues op den Ufank vum Championnat ze preparéieren.
Wann dir Leit kennt oder selwer motivéiert sidd ze spillen, sidd dir ëmmer wëllkomm eemol op eisen Training an der Sportshal luussen ze kommen, dëst zu follgenden Zäiten:
Jugend (bis 15 Joer): méindes a mëttwochs vun 18:00 bis 19:30
Seniors: méindes an donneschdes vun 19:30 bis 21:30
 
Eis Trainer a Spiller freeën sech op d'Saison an op nei motivéiert Leit.