Däitlech Victoire géint den Opsteiger vu Bartreng
20th October 2026
DT Berbuerg
Um fënnefte Spilldag war den Opsteiger vu Bartreng zu Berbuerg op Besuch. Déi Bartrenger, déi hir éischt Saison an der Nationaldivisioun bestreiden, si mat där nämmlechter Equipe ungetrueden, mat där si sech d'lescht Joer den Opstig geséchert haten.
Si hu mam Zlatko Rajcic a mam Sébastien Bolain am viischte Paarkraiz gespillt, wärend d'Nathalie Marchetti an de Spyros Sarigiannidis am hënneschte Paarkraiz opgestallt waren.
Eis Equipe hat de Leandro dës Kéier op d'Positioun 2 gesat, soudatt et direkt zum Spëtzematch géint de Rajcic komm ass. De Leo konnt u seng staark Form vun de leschte Wochen ubannen a sech mat 3:0 duerchsetzen. Mat deem selwechte Resultat huet och den David géint de Bolain gewonnen.
Am hënneschte Paarkraiz huet de Sam sech mat 3:1 géint de Sarigiannidis behapt, wärend de Vincent d'Marchetti mat 3:0 geschloen huet.
An hirem zweete Match hunn den David an de Leandro hir gutt Leeschtungen bestätegt a sech allebéid mat 3:0 géint de Rajcic respektiv de Bolain duerchgesat. Domat war d'Victoire fir eis Faarwen schonn no 6 Matcher gesechert.
Eis Jongen hu sech domat kloer mat 6:0 géint Bartreng duerchgesat an dobäi just ee Saz ofginn. No der wichteger Victoire géint Recken sinn dat nees wäertvoll Punkten am Kampf ëm eng Play-off-Plaz.
Nächste Samschdeg steet mam Auswäertsmatch géint Fluessweiler schonn déi nächst schwéier Aufgab um Programm. Am Ostderby gouf et an de leschte Joren ëmmer nees enk a spannend Dueller. Kommt dofir mat op Dräibuer a ënnerstëtzt eis Jongen bei dëser wichteger Partie!
Go DTB!
