Skip to contentSkip to footer
Dësch-Tennis Berbuerg

Dësch-Tennis Berbuerg
Dësch-Tennis Berbuerg

Umellen

Éischt Punkten an der neier Saison!

7th October 2026

DT Berbuerg

image

No enger kuerzer Paus stoung fir eis éischt Equipe de leschte Weekend erëm e Duebelspilldag um Programm. Samschdes ware mir beim Champion Hueschtert-Folscht am Asaz, ier Sonndes Lëntgen zu Berbuerg op Besuch koum.

Den amtéierende Champion a Coupegewënner ass der Ranglëscht no ugetrueden, mat Gleb Shamruk an Damien Llorca am viischte Paarkraiz an dem Irfan Cekic a Kevin Kubica am hënneschte Paarkraiz. Och eis Ekipp huet op Rotatioun verzicht a seng Spiller der Ranglëscht no opgestallt.

An den éischte Matcher krut et den David mat Shamruk ze dinn, wärend de Leandro géint den Hueschterter Neizougang Damien Llorca ugetrueden ass. De Leandro hat géint de Fransous e schwierege Stand a misst sech mat 0:3 geschloe ginn. Den David hat am Ufank Problemer, fir a säi Match géint d'Hueschterter Nummer 1 ze fannen, konnt sech awer no an no steigeren. Am drëtte Saz huet hien no enger ganz kontroverser giel-rouder Kaart missen e Réckschlag astiechen. Hie léisst sech dovunner awer net beaflossen a gewënnt déi zwee nächst Sätz, fir sech esou de Match nach ze sécheren.

Am hënneschte Paarkraiz huet de Vincent géint de Cekic mat 0:3 verluer, wärend de Sam sech mam selwechte Resultat géint de Kubica duerchsetze konnt.

A sengem zweete Match huet de Leandro sech däitlech gesteigert a mat enger staarker 3:1-Victoire géint de Shamruk eis Faarwen nees a Féierung bruecht. Um Niewendësch huet den David d'Iwwerleeënheet vum Damien Llorca missen unerkennen a sech mat 1:3 geschloe ginn.

Uschléissend hunn de Sam an de Vincent hir Matcher géint de Cekic a Kubica mat 0:3 verluer, soudatt mir mat engem 3:5-Réckstand an d'Dubbele gaange sinn. Do huet d'Koppel Llorca/Kubica sech géint de Sam an de Leandro duerchgesat a fir den Hueschterter 6:3-Endstand gesuergt.

Nëmmen een Dag méi spéit war mat Lëntgen en direkte Konkurrent am Kampf ëm d'Play-off-Plazen zu Berbuerg op Besuch. D'Gäscht hunn, wéi esou dacks, gedréit an de Robin Saudemont nieft dem Max Theisen am hënneschte Paarkraiz opgestallt. Am viischte Paarkraiz sinn de Gaetan Swartenbrouckx an de Philip Theisen zum Asaz komm. Eis Jongen hunn an där selwechter Opstellung gespillt wéi den Dag virdrun.

An den éischte véier Matcher gouf et keng Iwwerraschungen. De Leandro an de Sam hunn sech jeeweils mat 3:0 géint de Philip respektiv de Max Theisen duerchgesat, wärend den David an de Vincent géint déi zwou belsch Spiller Swartenbrouckx a Saudemont mat 0:3 den Ënnerleeëne waren.

Duerno goung et awer wesentlech méi spannend virun. Am Duell vun den Nummer 1 huet de Leandro sech no engem flotte Match mat villen attraktive Ballwiesselen dem Swartenbrouckx misse geschloe ginn. Den David huet op der anerer Säit eng staark Leeschtung gewisen an de Philip Theisen mat 3:1 bezwongen.

De Sam konnt a sengem zweete Match gutt mat der Lëntgener Nummer 2, Robin Saudemont, mathalen, huet sech um Enn awer an dräi knappe Sätz geschloe misse ginn. Domat ass eis Ekipp mat 3:4 a Réckstand geroden, an et louch um Vincent, eis am Match ze halen an e 3:5 virun den Dubbele ze verhënneren.

De Vincent hat allerdéngs kee gudde Start erwëscht a louch séier mat 0:2 hannen. Vum drëtte Saz un huet hien sech awer däitlech gesteigert an de Match ëmmer méi kontrolléiert. No enger staarker Remonté huet hien de Match a fënnef Sätz gewonnen an eis de wichtegen 4:4-Ausgläich geséchert.

An den Dubbelen goufen d'Punkten gedeelt. De Leandro an den David hunn sech géint d'Bridder Theisen duerchgesat, wärend de Sam an de Vincent géint d'Swartenbrouckx/Saudemont den Kierzere gezunn hunn. Domat goung de Match mat engem gerechte 5:5 op en Enn.

Et war e laangen an intensive Weekend, mee um Enn kënne mir mat de Resultater zefridde sinn. Géint de Champion a Favorit Hueschtert huet eis jonk an deels nach onerfueren Equipe sech gutt verkaf. Géint den direkte Konkurrent Lëntgen konnte mir eis éischt Punkten an dëser Saison op de Kont bréngen.

Nächste Sonndeg geet et weider mam Auswäertsmatch géint Recken. Déi Partie gëtt um 15:00 Auer zu Miersch gespillt.

Go DTB !