Big Points géint Recken
13th October 2026
DT Berbuerg

No zwou Néierlagen an engem Gläichspill war et wichteg fir eis jonk Equipe, Punkten ze sammelen, fir den Uschloss un d'Play-off-Plazen net ze verléieren. Mat Recken stoung allerdéngs eng schwiereg Aufgab um Programm.
D'Heemequipe ass mam Thomas Keinath an Aaron Vallbracht am viischte Paarkraiz ugetrueden, wärend de Mirko Habel an den Tom Collé dat hënnescht Paarkraiz gebilt hunn. Eis Jongen hunn der Ranglëscht no opgestallt, mam Leandro an dem David vir a mam Sam an dem Vincent hannen.
Déi éischt Matcher hunn keng Iwwerraschunge mat sech bruecht. De Leandro huet sech mat 3:0 géint de Vallbracht duerchgesat, wärend den David dem Keinath mat 1:3 ënnerlee war. Uschléissend huet de Sam de Collé mat 3:1 bezwongen, während de Vincent géint de Mirko Habel mat 0:3 den Kierzere gezunn huet.
Beim Stand vun 2:2 ass et an déi entscheedend Matcher gaangen. Hei krut et eise Leandro mat der Nummer 1 vu Recken an ee vun de beschte Spiller aus der Liga ze dinn. An der Vergaangenheet waren d'Dueller tëscht dem Leandro an dem Keinath ëmmer knapp a spektakulär, mat ville flotte Ballwiesselen an Dëschtennis op héchstem Niveau. Och dës Kéier kruten déi vill Zuschauer eng flott Partie gebueden.
De Keinath hat de bessere Start erwëscht a konnt den éischte Saz fir sech entscheeden. De Leandro ass awer am Laf vum Match ëmmer besser an d'Spill komm an huet sech richteg an e Rausch gespillt. Mat enger fantastescher Leeschtung konnt hien um Enn de Keinath verdengt mat 3:1 schloen.
Parallel dozou huet och den David gewisen, datt hien aktuell a ganz staarker Form ass. Mat enger iwwerzeegender Leeschtung huet hien sech mat 3:1 géint de Vallbracht duerchgesat an eis Féierung ausgebaut.
Eis Youngsters sollten et duerno nach emol spannend maachen. De Sam hat géint de Mirko Habel e ganz gudde Start erwëscht a konnt déi zwee éischt Sätz knapp gewannen. Am drëtte Saz huet hien et awer verpasst, de Match virzäiteg zouzemaachen, an de Mirko huet ëmmer besser an d'Partie fonnt. No engem spannende Verlaf huet de Sam sech schliisslech knapp mat 2:3 misse geschloe ginn.
Och dem Vincent säin zweete Match géint den Tom Collé ass iwwer déi voll Distanz gaangen. Beim Stand vun 2:2 a 8:10 huet de Vincent grouss Nervenstäerkt bewisen, zwee Matchbäll ofgewiert an de leschte Saz nach mat 12:10 gewonnen. Domat huet hien eis de wichtege fënnefte Punkt geséchert.
Mat enger 5:3-Féierung ass et an d'Dubbele gaangen. Do hunn de Leandro an den David näischt ubrenne gelooss a sech kloer géint d'Koppel Vallbracht/Habel duerchgesat. Mat dëser Victoire hu si de sechste Punkt an domat den Endstand vu 6:3 fir eis Faarwe geséchert.
Mat dësem Erfolleg konnten eis Jongen hiren éischte Championnatsmatch an der aktueller Saison gewannen a ganz wichteg Punkte am Kampf ëm eng Play-off-Plaz sammelen.
Nächste Samschdeg geet et zu Berbuerg an der Sportshal weider mam Heemmatch géint Bartreng.
Go DTB!
