Néierlag an der leschter Halleffinall

04 May 2023
No enger tëschenzäitlecher Avance vun vun 3-1 hunn eis Jongen sech missen am Schlussdubbel geschloen gin a verpassen d’Finall denkbar knapp.
Houwald ass mat der nämmlechter Opstellung ugetrueden wéi schonn déi zwee éischt Matcher, eis Equipe huet sech dofir decidéiert fir ze rotéieren a mir hunn mam Eric fir, a mam David hannen gespillt. Den Eric huet sech dann am Optaktmatch mat 3-1 géint d’Houwalder Nummer 1 Tomas Koldas misse geschloen gin, mam nämmlechte Resultat konnt de Michael d’Revanche vun der Woch virdrun géint de Wang Xu huelen. Am hënneschte Paarkraiz ass eis dunn de wichtege Break gelongen, den David an den Tom konnten hir Matcher a fënnef Sätz géint den Marc Dielissen, respektiv den Cheng Xia gewannen.
No der Paus sollt den Houwald awer rëm ausgläichen, de Michael verléiert d’Duell vun den Nummer 1’en mat 3-1, den Eric verléiert 2-3 géint de Wang Xu. Mat 3-3 ass et also an déi lescht Eenzel gaangen, hei huet den Tom mat 0-3 géint den Dielissen de Kierzeren gezunn, den David konnt eis an engem 5-Sätz Thriller awer an den Dubbel retten. Hei sollten déi Houwalder allerdéngs d’Iwwerhand behalen a setzen sech 3-0 géint de Michael an den David duerch.
Domat ass d’Saison 22/23 fir den DTB gelaf. Och wann d’Enttäuschung de Méindeg grouss war, hunn eis Jongen awer eng immens erfollegräich Saison gespillt. Mir sinn mat enger jonker, onerfuerener, awer ausgeglachener an super motivéierter Equipe an d’Saison gestart. D’Zil war et fir ënnert déi sechs éischt ze kommen, fir sech sou fir de Playoff ze qualifizéieren. D’Hironn konnte mir op enger gudder drëtter Platz mat just zwou Néierlagen ofschléissen, am Playoff konnte mir eis iwwerraschend duerch eng fantastesch zweet Platz fir d’Halleffinall qualifizéieren. Och wann déi éischt Championnatsfinall verpasst gouf, kenne mir awer op déi erfollegräichsten Saison aus der Veräinsgeschicht zréckblécken.
Zu gudder Lescht gëtt et dann nach eng Rei Merci’en ze verdeelen: Merci un all eis Supporter déi eis déi lescht dräi Wochen, an och déi ganz Saison iwwer genial ënnerstëtzt hunn, dir hutt e groussen Undeel un dësem Exploit! Merci un de Comité, ouni deen dat alles net méiglech wier! Merci un all eis Memberen déi sech fir de Veräin engagéieren! Merci un eis Coachen, déi d’Equipe super encadréiert hunn. E grousse Merci un eise Ronny Zeimes, hien ass virun 11 Joer aus der Nationaldivisioun bei eis an d’éischt Divisioun gewiesselt, an huet duerno 8 Joer laang éischt Equipe bei eis gespillt. Säin Undeel un der Entwécklung vun der éischter Equipe ass riseg, ouni hien wieren mir net do wou mir elo stinn. Hien wäert seng Rackett (fir de Moment) un den Nol hänken. Merci och un den Eric Thillen. Hien ass virun 3 Joer bei eis komm an huet sech direkt super an d’Equipe an de Veräin integréiert. Mat him sollt d’Equipe den nächste Schratt maachen. Eng Verletzung zwéngt hien elo fir mam Dëschtennis opzehalen. Mir wënschen hinnen just dat allerbescht a sinn frou dass si dem Veräin erhale bleiwen.
D’Summerpaus gëtt elo genotzt fir ze recuperéieren, awer och fir sech ze verbesseren. Am September start déi nei Saison, a mir wäerte prett sinn fir rëm ze attackéieren!
Go DTB!