"Mir wëllen den DT Berbuerg an d'Finall bréngen!"

Foto vun Claude Sibenaler
12 April 2023
Virun der éischter Halleffinal déi de kommende Sondeg zu Hesper gespillt gett hunn mir eis Nummer 3, den Eric Thillen am Interview.
Wéi ass d’Saison bis elo fir d’Equipe verlaf? Goufen d’Erwaardungen iwwertraff?
Ech denken virun der Saison huet keen domat gerechent dass et esou gutt fir eis lafe wäert. Um Pabeier hunn mir eis net onbedéngt verstäerkt, mee mir hunn mat enger änlecher Equipe gespillt wéi d’lescht Joer wou mir an de Playdown komm sinn. Et war fir eis kloer dass méi dran ass, mee dass mir nom reguläre Championnat op der zweeter Platz stinn an eis direkt fir d’Halleffinall qualifizéieren, domat hunn mir eis Erwaardungen definitiv iwwertraff! D’Ursaache vun eisem Exploit sinn engersäits de Michael, deen d’Roll vum Kapitän a Leader iwwerholl huet an d’ganz Equipe matzitt, an och eng ganz staarkt Saison spillt, awer och dass mir vun enger extrem equilibréierter Performance vun de ganzer Equipe profitéieren. Jiddereen dréit säin Deel zum Erfolleg vun der Equipe bei. E weidere Grond sinn eis gutt Dubbelen, virun allem eisen Dubbel mam Michael a mam David, den nach ongeschloen ass. Last but not least hunn och eis Supporter, déi eis all Match pushen an ufeieren, e groussen Undeel um gudde Verlaf vun der Saison.
Wéi ass d’Saison perséinlech fir dech verlaf, a wéi zefridden bass du mat denger Saison ?
Am grousse ganzen ass d’Saison gutt fir mech verlaf. Zemools am Ufank konnt ech mäi beschten Dëschtennis weisen. Leider huet sech meng Verletzung an der Heft verschlëmmert, wat sech och negativ op meng Resultater ausgewierkt huet. Ech hunn trotzdeem ëmmer probéiert ze fighten an aus all Situatioun de Maximum erauszehuelen. Dofir sinn ech och insgesamt zefridden, obschonn et fir mech perséinlech definitiv déi schwéiersten an emotionaalste Saison war.
Wat sinn d’Erwaardungen fir d’Halleffinall?
Mat eisem Equippegeescht kënne mir all Géigner virun Problemer stellen, an dat hunn mir och schonn géint den Houwald bewisen. De Match um Holleschbierg konnte mir mat 6-1 fir eis decidéieren an deementspriechend wäerte mir och mat Confiance optrieden a probéieren eis Chance op d’Finall ze realiséieren. Mir mussen awer trotzdeem oppassen, den Houwald huet en equilibréierte Kader mat enger staarker Nummer 1. Ech denken dass et e 50/50 Match gëtt wou d’Dagesform wichteg gëtt, mee ech hoffen dass eisen Equippegeescht an eis Supporter den Ënnerscheed maache wäerten.
Wéi gesäit et bei dir fir d’nächst Saison aus?
No mengen undauernden Hëftproblemer vum leschte Joer huet den IRM Ufank Januar confirméiert wat ech gefaart hunn; iwwert d’Joren hunn sech am Hëftgelenk Ofnotzungen opgebaut déi déi Péng verursaacht hunn déi ech beim Dëschtennis spieren. Den Dokter huet zimmlech séier eng Operatioun proposéiert, ouni Garantie dass d’Péng duerno fort ass. No onzielege Gespréicher mat aneren Dëschtennisspiller wéi dem Dani Konsbrück an dem Christian Kill, déi änlech Problemer hunn, hunn ech misse realiséieren dass weder eng Operatioun, nach soss eng kierperlech Therapie wierklech hëllefe kann, vue datt d’Ursaach vum Problem den Dëschtennis ass a bleift.
Dofir hunn ech mech leider dofir missen decidéieren fir no der Saison eng Paus op onbestëmmten Zäit mam Dëschtennis ze maachen. Ech wäert probéieren fir mat gezieltem Muskelopbau an aneren Traitementer de Schued sou gutt et geet a Grenzen ze halen. Mäin Haaptzil ass et fir méi Kierper virun laangfristege Schied a Konsequenzen ze schützen. Ech sinn nach jonk an ech hunn nach vill wëlles a mengem Liewen an et ass mir wichteg dass mäi Kierper mir dat och an Zukunft erméiglecht.
Wéi schwéier war déi Decisioun fir dech?
Sport ass mir ganz wichteg a mengem Liewen, zemools den Dëschtennis huet mech säit menger Kandheet ëmmer begleet a mir vill Erliefnisser erméiglecht. Et ass an et wäert och ëmmer meng grouss Passioun bleiwen. D’Noriicht vum Dokter huet mech dofir och wéi e Blëtz getraff, an de Choix ass mir extrem schwéier gefall. Och wann ech e rationale Mënsch sinn, huet de Schock mech awer emotional getraff, a mam Start vum Playoff war et och een vun de schlechtméiglechsten Momenter fir esou eng Noriicht. Ech hat keng Zäit fir déi Saach ze verschaffen well direkt rëm wichteg Matcher unstungen an ech rëm zréck un den Dësch misst.
Hei muss ech awer soen dass ech an der Zäit en extreme Support vun de Leit aus mengem Veräin a mengem Ëmfeld krut, wat mir extrem gehollef huet a woufir ech och immens dankbar sinn. Mat der Zäit an duerch vill Gespréicher ass mir kloer gin dass trotz den emotionalen Komponenten déi mech um Sport halen, de Preis deen ech bezuele misst fir weider ze maachen, souwuel kierperlech wéi och mental vill ze héisch ass. Rational gesinn ass alles ausser eng länger Paus net ze rechtfäerdegen vis-à-vis vun mengem Kierper, dofir hunn ech déi schwéier, awer logesch Entscheedung getraff fir d’Rackett no der Saison mol un den Nol ze hänken.
Wat erhoffs du dir fir d’Zukunft? Mengs du du kéints nach iergendwann eng Kéier un deng aktuell Form erukommen?
Fir d’Zukunft erhoffen ech mir en aktiivt Liewen kennen ze féieren ouni Péng ze hunn, a fir dat Zil wäert ech och alles maachen. Wéi eng Roll den Dëschtennis a mengem Liewen wäert hunn ass am Moment nach net ofzegesinn, an an där Hisiicht wäert ech mir och keen Drock maachen, et kennt wéi et kennt.
Do virdrun kommen awer nach extrem wichteg Matcher op mech an d’Equipe duer, déi länger Pausen tëschent de Matcher kommen mir zegutt an ech sinn bereet fir nach eng Kéier alles ze ginn fir den DT Berbuerg an déi éischt Championnatsfinall aus der Veräinsgeschicht ze bréngen!