Staarken Ofschloss vum Play-off
3rd March 2026
DT Berbuerg

Um leschte Weekend vum Play-off stoung nach en Duebelspilldag um Programm. Samschdes huet de Géigner Recken geheescht, déi Equipe, déi mir mat enger Victoire vun der véierter Platz verdränge géiffen. Sonndes war Lëntgen op Besuch zu Berbuerg.
Géint Recken hunn de Leandro an de Loris fir gespillt, den David an den Tom sinn hannen un de Start gaangen. Recken ass mam Keinath a mam Wantz am fiichten, a mam Vallbracht a mam Elsen am hënneschte Paarkraiz ugetrueden.
De Loris, deen aktuell d’Grondausbildung als Zaldot mëscht an doduerch net trainéiere kann, huet misse géint d’Nummer 2 an der Verbandsranglëscht ufänken. Trotz gudder Leeschtung huet hien sech 1-3 misse geschloe ginn. De Leo hat um Niewendësch och seng Schwieregkeete géint de Wantz. Am fënnefte Saz konnt hien de Match awer fir sech decidéieren.
Am hënneschte Paarkraiz sollt et net manner spannend sinn. Den Tom hat e gudde Start géint de Vallbracht erwëscht, a konnt sech mat 2-0 ofsetzen. Am drëtte Saz huet hie mat 9-7 gefouert, éier de Vallbracht dësen, an den nächste Saz fir sech decidéiere konnt. Am fënnefte Saz huet den Tom awer rëm zréck an de Match fonnt, a wënnt dësen 11-7. Och dem David säi Match géint den Elsen ass an de fënnefte Saz gaangen, hei konnt de Reckener sech awer duerchsetzen, sou datt et no 4 Matcher 2-2 stoung.
Am Duell vun den Nummer 1'e waren och fënnef Sätz neidesch fir e Gewënner ze ermëttelen. Hei huet de Leo sech missen dem Keinath geschloe ginn. De Loris ass géint de Wantz 0-2 a Réckstand gerode konnt sech awer rëm erukämpfen, sou datt et fir déi fënnefte Kéier op dësem Nomëtteg an den decisive Saz gaangen ass. Hei konnt de Loris säi Momentum mathuelen an de Match fir sech decidéieren.
Dës Victoire huet eiser Equipe weider befligelt, den David an den Tom konnten hir Matcher géint de Vallbracht an den Elsen uschléissend mat 3-0 gewannen. Domat konnten si de sou wichtege Break maachen, an eis Faarwe mat 5-3 a Féierung bréngen.
Mat enger 3-0 Victoire am Dubbel vum David a Leo géint d’Koppel Keinath-Wantz konnte mir d’Duell ëm déi 4. Platz géint Recken mat 6-3 gewannen.
Géint Lëntgen wier also e Gläichspill duergaange fir déi 4. Platz ze sécheren, eis Jonge waren awer fest entschloss déi 3 Punkten zu Berbuerg ze halen.
Dat huet de Loris och bewisen, deen sech iwwerraschend mat 3-2 géint d’Lëntgener Nummer 1 Swartenbrouckx duerchsetze konnt. Mam Leo senger 3-1 Victoire géint de Philip Theisen konnten eis Jongen direkt mat 2-0 a Féierung goen. Den David konnt den Ecart mat enger 3-0 Victoire géint de Max Theisen vergréisseren. No zwee verluerene Sätz huet den Tom net opginn a wënnt 3-2 géint de Saudemont.
Am Duell vun den Nummer 1’e muss de Leo sech géint de Swartenbrouckx 1-3 geschloe ginn. Dëst sollt awer déi eenzeg Victoire fir déi Lëntgener bleiwen, de Loris, mat engem 3-1 géint de Philip Theisen, an den David, mat engem 3-2 géint de Saudemont, huelen déi zwee lescht Punkte fir eis Faarwen.
Domat gewannen eis Jongen och den zweete Match vum Weekend, a schléissen de Play-off op enger 4. Platz of. No enger schwéierer Hironn konnt d’Equipe sech steigeren an e gudde Play-off spillen. Lo heescht et de Momentum mat weider an d’Véirelsfinallen ze huelen, déi déi nächst zwee Weekender gespillt ginn. Hei heescht de Géigner rëm Recken. Nächste Samschdeg trieden eis Jonge rëm zu Miersch un, Sonndes de 15. Mäerz gëtt de Réckmatch um 15 Auer ze Berbuerg gespillt.
Go DTB!
