Bronzemedaile am Dammechampionnat
9th March 2026
DT Berbuerg

Gëschter goufen zu Kielen d’Halleffinallen an d’Finalle vum Dammechampionnat gespillt. D’Jona, d’Chiara, d’Sandy an d’Hannah hu misse géint de Favorit vum DT Houwald un den Dësch goen.
D’Chiara hat géint d’Sarah Meyer näischt zegutt a verléiert 0-3. D’Jona konnt e super Match géint d’Lorella Mezzapesa maachen, a setzt sech a fënnef Sätz géint d’Spillerin vum DT Houwald duerch.
Och géint d’Sarah Meyer huet d’Jona laang op Aanhéischt matgespillt, um Enn muss hat sech awer géint d’Houwalder Nummer 1 1-3 geschloe ginn. D’Hannah verléiert um Niewendësch, trotz ganz gudder Performance, 11-9 am fënnefte Saz.
Uschléissend zitt d’Hannah mat 0-3 de Kierzeren géint d’Lorella Mezzapesa, sou datt d’Halleffinall mat 1-4 verluer geet.
Am Match ëm Platz 3 hunn d’Kolleeginne vum DT Lenneng, déi an der anerer Halleffinall géint den DT Diddeleng verluer haten, op eis Meedercher gewaart.
D’Jona konnt eis Faarwe mat enger 3-0 Victoire géint d’Lynn Scholtes a Féierung bréngen. De wichtege Break fir eis konnt d’Chiara géint d’Mara Oms maachen. Mat enger super Performance konnt hat sech 3-2 géint déi favoriséiert Lennenger Nummer 1 duerchsetzen.
D’Jona konnt am Duell vun den Nummer 1’en 3-0 géint d’Mara Oms gewannen, d’Sandy huet sech géint d’Claire Goedert missen 2-3 geschloe ginn.
Mat 3-1 fir eis Meedecher ass et also an déi lescht Matcher vum Dag gaangen, d’Lynn Scholtes konnt duerch eng Victoire géint d’Sandy nach eng Kéier op 3-2 verkierzen, bevir d’Chiara den decisive Match géint d’Claire Goedert gewënnt, an eis déi drëtt Platz an domat d’Bronzemedaile sechert.
Felicitatioun un eis Dammen, déi d’ganz Saison iwwer gutt gespillt hunn, an déi super Leeschtung mat dëser Bronzemedaile kréine konnten. Merci och un d’Coachen, de Fränz an de Jeff Schmit, déi d’Equipe encadréiert hunn. E grousse Merci och un déi vill Supporter, déi eis Dammen sou gutt ënnerstëtz hunn.
Go DTB !
