Gläichspill an der éischter Véirelsfinall
8th March 2026
DT Berbuerg

Gëschter gouf zu Miersch um Krounebierg déi éischt Véirelsfinall tëschent dem DT Recken an eisem DTB gespillt. Nodeems eis Jongen sech leschte Weekend nach 6-3 géint déi Reckener duerchsetze konnten, war d’Heemequipe motivéiert fir d’Revanche ze huelen.
Mir si mat der nämmlechter Opstellung wéi d'lescht Woch ugetrueden, de Leo an de Loris am fiichte Paarkraiz, den David an den Tom am hënneschten. Recken huet gedréit par Rapport zur leschter Woch, bei hinnen hunn den Thomas Keinath an den Aaron Vallbracht fir, an den Gene Wantz an de Luca Elsen hanne gespillt.
Déi éischt Matcher goufen ouni Iwwerraschung gedeelt, de Loris ënnerleit dem Keinath 0-3, de Leo setzt sech 3-1 géint de Vallbracht duerch. Am hënneschte Paarkraiz sollt et däitlech méi spannend oflafen. Am Duell vun de jonken Nationalspiller konnt den Tom mat 1-0 an 2-1 a Féierung goen, de Wantz konnt awer all Kéiers ausgläichen. Am fënnefte Saz konnt keen sech sou richteg ofsetzen, bis den Tom sech bäi 10-8 zwee Matchbäll erspille konnt. De Wantz konnt alle béid ofwieren, den Tom huet sech net ginn a konnt den decisive Saz 12-10 fir sech entscheeden. No der Néierlag vu leschter Woch war den David héisch motivéiert fir et dës Kéier besser ze maache géint den Elsen. Nodeems hien den éischte Saz fir sech decidéiere konnt, huet den Elsen besser an de Match fonnt a konnt déi zwee nächst Sätz gewannen. Den David huet sech awer zréck gekämpft a konnt mat véierten a fënnefte Saz net just de Match gewannen, mee huet och direkt de wichtege Break fir eis Faarwe gemaach.
D’Duell vun den Nummer 1’en, eise Leo géint de Keinath, war an der Vergaangenheet ëmmer e ganz enkt an héichklassegt Duell. Och dës Kéier kruten d’Supporter Dëschtennis op héchstem Niveau gebueden. Sou wéi lescht Dueller ass et och dës Kéier an de fënnefte Saz gaangen. An dësem war de Keinath déi ganzen Zeit iwwer fir, de Leo huet awer net opginn a konnt bei 8-10 souguer 2 Matchbäll ofwieren, bevir hien säin zweete Matchbäll notze konnt an de Match fir sech decidéiert. De Loris huet sech parallel dozou dem Vallbracht misse mat 0-3 geschloe ginn.
Beim Stand vu 4-2 fir eis Faarwen ass den David géint de Wantz ugetrueden Hien huet ni richteg an de Match fonnt a verléiert 1-3. Den Tom huet misse fir d’zweet op dësem Nomëtteg an de fënnefte Saz goen, dës Kéier géint den Elsen. Hei huet de Reckener de bessere Start erwëscht a konnt sech séier ofsetzen. Um Enn verléiert den Tom, an et ass mat 4-4 an d’Dubbele gaangen.
De Loris an den Tom hunn trotz gudder Performance mat 1-3 géint d’Koppel Keinath/Elsen verluer. De Leo an den David secheren eis de fënnefte Punkt mat enger weiderer fënnef Saz Victoire géint de Vallbracht an de Wantz.
Béid Equippen trennen sech also an dëser éischter spannender an intensiver Véirelsfinall 5-5. Domat ass nach alles oppe fir déi zweet Véirelsfinall, déi nächste Sonndeg um 15h zu Berbuerg an der Sportshal gespillt gëtt. D’Zuschauer kënnen sech op e spannenden a flotte Match freeën. Konnt laanscht an ënnerstëtzt eis Jongen!
Go DTB!
