Match gedréit! Knapp Victoire géint Diddeleng
Um zweete Spilldag hunn mir Diddeleng fir den éischten Heemmatch vun der Saison emfaangen. D’Gäscht sinn ugetruede mat hirem neie Spëtzespiller, dem Fransous Mommessin Alexis, mam Peter Teglas, Mohamed Mostafa a Loris Stephany. Mir hunn wéi d’lescht Woch mam Leandro Fuentes a Michael Schwarz am fiichte Paarkraiz gespillt, a mam David Henkens an Tom Scholtes am hënneschten.
Am éischte Match vum Dag sollt de Leandro senger Favoritteroll géint den Teglas gerecht gin a gewënnt 3-0. Um aneren Dësch war et däitlech méi spannend. Nodeems de Michael seng Matchbäll am véierte Saz net notze konnt, an dëse Saz mat 14-16 huet missen ofginn, huet hien sech misse mat 10-12 am fënnefte Saz géint de Mommessin geschloe ginn.
Am hënneschte Paarkraiz sollt den Tom näischt géint de „Momo“ zegutt hunn a verléiert 0-3. Parallel dozou konnt den David senger Favoritteroll net gerecht gin, a verléiert 1-3 géint e staarke Stephany. No 4 Matcher war den Underdog (um Pabeier) domat 1-3 fir, an eis Jongen hunn missen eng Schëpp drop leen fir dass déi dräi Punkten zu Berbuerg bleiwen.
„Gesagt, getan“, mat zwou 3-0 Victoirë vum Leandro am Spëtzematch géint de Mommessin a vum Michael géint den Teglas konnten eis Faarwen op 3-3 ausgläichen. Och den David konnt sech steigeren a gewënnt iwwerraschend däitlech 3-0 géint de Mostafa. Am Duell vun de Youngsters konnt de Stephany seng gutt Form confirméieren a gewënnt 3-1 géint den Tom.
Domat sollt et mat 4-4 an d’Dubbele goen. Hei si mir ugetruede mat der Koppel Schwarz/Henkens, déi d’lescht Saison just 1 Dubbel verluer hunn, a mat Fuentes/Scholtes, déi hiren éischten Dubbel gespillt hunn. De Michael an den David sollten hirem Ruff gerecht gin a gewannen 3-0 géint d’Koppel Mommessin/Stephany, an och den Tom an de Leandro konnten sech a véier knappe Sätz géint Teglas/Mostafa duerchsetzen, sou datt mir de Match nach mat 6-4 gewanne konnten.
Domat hunn mir no 2 Spilldeeg 6 Punkten an deelen eis mat Hueschtert-Folscht déi éischt Platz. Nächste Sonndeg geet et um Holleschbierg um 15h géint den Houwald, de Géigner aus der Halleffinall vum leschte Joer. Hei waart eng ganz hard Noss op eis, dofir kommt eis Jongen ënnerstëtzen fir dass mir och weiderhin ongeschloe bleiwen.
Go DTB!