DTB Damme stinn an der Halleffinall!
27th February 2026
DT Berbuerg

Gëschter Owend sinn eis Dammen an der Véirelsfinall vum Championnat auswäerts géint Nouspelt ugetrueden. D’Jona, d’Chiara, d’Sandy an d’Hannah ware licht favoriséiert, a wollten sech onbedéngt fir d’Halleffinall qualifizéieren.
D’Jona konnt säin éischte Match mat 3-0 géint d'Liette Schintgen gewannen, mam nämmlechte Resultat huet d’Chiara sech géint d’Carine Berend misse geschloe ginn.
Och am zweete Match konnt d’Jona senger Favoritteroll gerecht ginn, a wënnt 3-0 géint d’Carine Berend. D’Hannah muss sech a 5 Sätz knapp dem Martine Schneider geschloe ginn.
Beim Stand vun 2-2 konnt d’Chiara 3-0 géint d’Martine Schneider gewannen, éier d’Hannah, mat enger 3-1 Victoire géint d’Liette Schintgen, den decisive véierte Punkt fir eis Faarwen huele konnt.
Domat gewannen eis Dammen e serréierte Match géint Nouspelt mat 4-2.
An der Halleffinall waarden d’Damme vum DT Houwald. Dëse Match gëtt den 8. Mäerz um 13h30 zu Nouspelt gespillt, uschléissend um 15h ginn och d’Finall an de Match ëm d’Platz 3 gespillt.
E waarmen Appell un all Frënd a Supporter vum DTB, kommt den 8. Mäerz op Nouspelt fir eis Dammen unzefeieren an ze ënnerstëtzen.
Go DTB!
