De Vincent Schlotthauer komplettéiert d’Equipe fir d’Saison 2026/27
24th February 2026
DT Berbuerg

Den DT Berbuerg ass frou fir bekannt ze ginn, dass de Vincent Schlotthauer fir d’Saison 26/27 op Berbuerg wiesselt, an domadder d’éischt Equipe komplettéiert.
De Vincent ass 14 Joer al a spillt aktuell beim DT Scheierbierg an der National 2 hei zu Lëtzebuerg. Hien gëllt als eent vun deene gréissten Talenter am Lëtzebuerger Dëschtennis an ass och scho vu klengem u Jugendnationalspiller. Mat der Arrivée vum Vincent huet de Veräin e weidert héischmotivéiert jonkt Talent a senge Reien, ronderëm dat d'Equipe fir déi kommend Jore soll opgebaut ginn.
Hien an de Sam Habscheid ersetzen den Tom Scholtes an de Loris Stephany, déi jo bekanntlech an d’Ausland wiesselen. Béid Spiller hu schonn a jonke Joren impressionnant Leeschtunge gewisen a passe perfekt an d’Philosophie vum Veräin. Zesumme mam David a mam Leandro ass d’Equipe fir déi kommend Saison komplett. Domat wäerte mir och d’nächst Joer mat enger jonker, dynamescher a motivéierter Equipe un de Start goen.
De Veräin ass iwwerzeegt, datt dës Kombinatioun vu jonker Dynamik an etabléierter Erfarung eng spannend an erfollegräich Saison versprieche wäert.
Wisou hues du dech fir den DT Berbuerg decidéiert?
Vincent: Den DT Berbuerg ass e groussen an erfollegräiche Club dee säit Joen op jonk Spiller setzt. Mir gefält des Philosophie an déi sympathesch a Familiär Stëmmung am Veräin
Wat sinn deng perséinlech Ziler?
Vincent: Ech wëll mech weider entwéckelen an ëmmer besser ginn. Ech probéieren ëmmer alles ze ginn an all Match ze gewannen.
Wat sinn deng Ziler mam DT Berbuerg?
Vincent: Ech wëll dass mir spilleresch a mënschlech eng gutt Equipe ginn, an dann sou erfollegräich wéi méiglech ginn.
Go DTB!
