DT Berbuerg begréisst neie Spiller: Sam Habscheid
12th February 2026
DT Berbuerg

Den Dëschtennis Berbuerg freet sech, haut offiziell unzekënnegen, datt de Sam Habscheid, ee vun de villverspriechendste jonke Lëtzebuerger Dëschtennistalenter, ab der nächster Saison fir eise Veräin un den Dësch goe wäert.
De 17‑järegen Spiller, deen aktuell an der serbescher 2. Liga spillt, gëllt als grousst Talent mat bedeitendem Entwécklungspotenzial. Hien spillt säit sengem 6 Liewensjoer Dëschtennis, an huet och all Jugendnationalequipe duerchlaaft. Niewent sengem Studium op der Uni Lëtzebuerg wëll hien sech ab dem kommende September op den Dëschtennis konzentréieren, a wäert eng wichteg Roll an eiser Equipe iwwerhuelen.
De Sam wäert ënner anerem den Tom Scholtes an de Loris Stephany ersetzen, déi allebéid an d’Ausland wiesselen, fir en neie Challenge unzegoen an hir Karriär als Profi ze lancéieren.
Mir si ganz houfreg, de Sam bei eis begréissen ze dierfen. Hien ass e jonke Spiller mat Energie, Ambitioun an engem grousse Kampfgeescht. Mir sinn iwwerzeegt, datt hien e wichtegen Deel vun eiser sportlecher Entwécklung wäert sinn.
Wisou hues du decidéiert op Berbuerg ze wiesselen?
Sam: Ech hu mech fir den DT Berbuerg entscheet, well Berbuerg eng jonk an dynamesch Equipe mat vill Potenzial huet. Doniewent ass et och e ganz familiäre Club iwwert deen ech vill Positives héieren hunn.
Wat sinn deng perséinlech Ziler?
Sam: Ech wëll ee vun de beschte Spiller am Land ginn a fir d’Jugend EM selektionéiert ginn.
Wat sinn deng Ziler mat Berbuerg?
Sam: Meng Ziler mat Berbuerg si fir an de Play-Off ze kommen, an do déi bescht méiglech Platzéierung ze ereeschen. Zousätzlech wëll ech mech mat der Equipe fir d'Finall vun der Coupe de Luxembourg qualifizéieren.
