Vice-Champion de Luxembourg

17th May 2024

club logo

DT Berbuerg

image

An der warscheinlech spannendster Final déi de Lëtzebuerger Dëschtennis jee gesinn huet, hunn eis Jongen sech no 5 Stonnen am Golden Match géint Hueschtert-Folscht geschloe ginn.
Mir hunn un der Opstellung vun der éischter Final festgehalen, also mam Michael Schwarz a mam Leandro Fuentes am viischte Paarkraiz, a mam David Henkens a mam Tom Scholtes am hënneschte Paarkraiz gespillt. Hueschtert huet d’Taktik geännert, a mam Gleb Shamruk a Mael Van Dessel fir, a mam Zoltan Fejer-Konerth a Kevin Kubica hanne gespillt.
A sengem éischte Match sollt dem Michael d’Revanche géint de Shamruk geléngen, géint deen hien sech 3-1 duerchsetze konnt. De Leo huet niewendrun géint e staarke Van Dessel mam nämmlechte Resultat de Kierzeren gezunn. Am hënneschte Paarkraiz sinn d’Iwwerraschungen ausbliwwen, den David gewënnt géint de Kubica, den Tom verléiert géint de Fejer-Konerth.
No der Paus sinn béid Matcher ganz knapp verlaf, an hu missen an den Entscheedungssaz goe fir dass d’Decisioun gefall ass. Um Enn gewënnt de Leo géint de Shamruk, de Michael verléiert géint de Van Dessel. An de leschten Enzelmatcher vum Dag konnt de Kubica mat enger 3-1 Victoire géint den Tom virleeën, den David konnt awer am fënnefte Saz iwwert sech erauswuessen a konnt de Match géint de Fejer-Konerth no engem 4-7 Réckstand mat 11-7 gewannen. Domat ass et mat 4-4 an d’Dubbele gaangen, wou mir just 1 Dubbel gebraucht hu fir Champion ze ginn. Hueschtert huet sech net geschloe ginn, a konnt béid Dubbele gewannen, an de Match sou mat 6-4 gewannen.
Domat huet d’Decisioun missen am Golden Match falen. Hei hu mir direkt rëm nogeluecht, de Leandro konnt säi Saz géint de Fejer-Konert gewannen. Den zweete Saz hu mir misse ganz knapp ofginn, den Tom huet sech misse 14-16 géint de Shamruk geschloe ginn. Den drëtte Saz huet de Van Dessel géint de Michael gewonnen, am véierte konnt den David sech géint de Kubica duerchsetzen. Domat stoung et 2-2, an de Championstitel gouf am leschte Saz Dubbel decidéiert. Hei konnten den David an de Michael sech direkt e klenge Virsprong rausschaffe géint d’Koppel Shamruk/Van Dessel, a hunn tëschenzäitlech mat 8-4 geféiert. Nodeems eis Jongen 2 Matchbäll bei 10-8 net notze konnten, hunn si sech schlussendlech mat 10-12 misse geschloe ginn.
Et war eng ganz batter Néierlag, besonnesch wëll een dem Titel esou no war. Mee och wann d’Enttäuschung riseg grouss war, a villäicht och nach ëmmer ass, kënne mir houfreg op eis Jongen si fir déi Saison déi si gespillt hunn. Mir sinn an d’Saison gestart ma Zil fir eis fir d’Halleffinall ze qualifizéieren, a schlussendlech si mir, méi wéi verdéngt, Vizechampion ginn. Déi lescht Woche waren eng fantastesch Reklamm fir den Dëschtennis an hunn all DT Supporter vill Spaass bereet.
Felicitatioun un Hueschtert-Folscht fir de Championstitel, a merci hinnen an hire Supporter fir déi zwou flott Finallen, an deene mir eis géigesäiteg alles ofverlaangt hunn!
Merci eise Spiller fir dee super Parcours deen si gemaach hunn, an de ganzen Opwand an de villen Training deen dofir néideg war. Merci eisen dräi Coachen, dem Luc Michely, dem Johannes Wilhelm an dem Pol Breser, fir dass si d’Equipe ëmmer exzellent encadréieren. Merci all eise Supporter, déi eis d’ganz Saison, mee speziell an den Halleffinallen a Finallen esou fantastesch ënnerstëtzt hunn. Merci der Gemeng fir d’sponsere vum Bus fir d’Finall kucken ze fueren. Merci un all eis Sponsoren an u jiddereen deen dozou bäigedroen huet, dass den DTB dësen Exploit fäerdeg bruecht huet!
Go DTB !