One win, one defeat, one to go!


27 April 2023

Leschte Sonndeg gouf déi zweet Halleffinall vun der Best of three Ronn tëschent eis an dem DT Houwald zu Berbuerg gespillt, no 7 spannenden a knappe Matcher hunn mir eis missen mat 2-5 geschloen gin.

D’Endresultat ass relativ däitlech, d‘Matcher waren alles anescht wéi dat. Béid Equippen hunn mat der nämmlechter Opstellung wéi an der éischter Halleffinall gespillt, den David huet mat enger 3-0 Victoire géint de Wang Xu ugefaangen, an de Michael huet an engem flotten a spannende Match mat 2-3 de Kierzeren géint d’Houwalder Nummer 1 Tomas Koldas gezunn.

Och d’Matcher am hënneschte Paarkraiz sollten iwwert déi voll Distanz goen, den Tom konnt seng Victoire vun leschter Woch géint den Cheng Xia widderhuelen, dem Eric sollt dat net geléngen a verléiert a fënnef Sätz géint de Marc Dielissen.

No der Paus sollt den Houwalder dunn de Break geléngen. No enger 2-0 Féierung an engem Matchball bei 2-1 an 10-9 konnt den David de Sack géint de Koldas net zoumaachen a verléiert nach 2-3. Mam nämmlechte Resultat huet de Michael sech misse géint de Wang Xu geschloen gin. Mat enger weiderer 3-2 Victoire huet den Dielissen géint den Tom den Deckel drop gemaach, sou datt déi zweet Halleffinall un d’Equipe vum Holleschbierg geet.

Ganz onglécklech war dass vun 6 Matcher déi an de fënnefte Saz gaange sinn, mir just 1 gewanne konnte. Dat weist awer dass mir och leschte Weekend op Aanhéischt mam Houwald waren, an dass et déi nächste Kéier rëm an déi aner Richtung goen kann.

En decke MERCI geet un déi ronn 150 Zuschauer déi de Wee an d’Hal fonnt hunn fir eis Equipe unzeféieren. Et war eng super Ambiance an de ganze Match war eng immens Reklamm fir eise Sport! Nächste Rendezvous ass den éischte Mee um 15h zu Berbuerg an der Sportshal. Hei wäert den decisive Match gespillt fir rauszefannen wien de Géigner vun Hueschtert-Folscht an der Finall gëtt.


Go DTB!