Victoire an der éischter Halleffinall!


22 April 2023

Leschte Sonden konnten sech eis Jongen an engem aussergewéinleche Match mat 5-4 géint d’Equipe vum Houwald behaapten. Dobäi konnte mir vun eise Stäerkten profitéieren: d’Ausgeglachenheet vun der Equipe, eis gutt Dubbelen an natierlech eis Supporter.

Am viischte Paarkraiz hunn den Michael an den David jeeweils géint den Wang Xu gewonnen, hunn sech awer missen géint d’Houwalder Nummer 1, den Tomas Koldas geschloe ginn. Hannen konnt den Tom sech géint den Cheng Xia duerchsetzen, den Eric huet an engem extrem knappen a spannende Match, no enger Rei ofgewierte Matchbäll géint sech, géint de Marc Dielissen gewonnen.

Eis 4 Spiller konnten also all e Match gewannen, jiddereen huet säin Deel zu der Victoire bäigedroen. Beim Stand vun  4-4 ass et zum alles entscheedenden Dubbel komm. Hei ass eisen nach ongeschloenen Spëtzendubbel Michael / David géint d’Koppel Koldas / Xia ugetrueden. No zwee ausgeglachene Sätz konnten eis Jongen sech steigeren an hunn dem Houwalder Dubbel keng Chance méi gelooss, sou dass mir déi éischt Halleffinall mat 5-4 gewannen! E grousse MERCI geet un eis vill Supporter déi fir eng fantastesch Stëmmung um Holleschbierg gesuergt hunn, a sou och zu dësem Exploit bäigedroen hunn.

Mir sinn also just nach ee Schrëtt vun der Finall fort, muer gëtt de Réckmatch um 15h zu Berbuerg an der Hal gespillt, mat enger Victoire wiere mir fir d’Finall qualifizéiert. Dofir e waarmen Appell un all Frënd a Supporter vum DTB an och vum Lëtzebuerger Dëschtennis, kommt um 15h op Berbuerg, ënnerstëtzt de Michael, den David, den Eric an den Tom a loosst eis zesummen an d’Finall anzéien.


Go DTB!