SHOWDOWN ZU LÉNGER


27 February 2023

‚Alles oder (bal) Naischt‘, dat ass d’Motto vum nächste Samschdeg.

Um leschte Spilldag vum Playoff kennt et zum direkten Duell tëschent dem Tabellenzweeten Lénger an Tabellendrëtten Berbuerg, de Gewënner qualifizéiert sech fir d’Halleffinall!

Béid Equippen stinn mat 20 Punkten punktgläich hannert dem Leader Hueschtert-Folscht, Lénger profitéiert allerdéngs vum direkte Vergläich, si konnten de Match an der Hironn mat 6-4 fir sech decidéieren, wat bedeit dass hinnen och schonn e Gläichspill duergoen géif.

D’Verléirerequipe muss an enger Tëscheronn nach eng Kéier géint Recken, Houwald an Eiter-Waldbriedimus untrieden, a probéieren sech iwwert dee Wee fir d’Halleffinall ze qualifizéieren.

Fir eis Jongen zielt awer just eng Victoire, niewent der direkter Qualifikatioun fir d’Halleffinall géif eis dat och Hueschtert als méigleche Géigner erspueren.

Et wäert eng ganz schwéier Aufgab gin am Lénger ‚Hexekessel‘ géint de Finalist vun der leschter Saison, mee eis Jongen sinn top preparéiert an immens motivéiert fir dëse Match fir eis Faarwen ze decidéieren. Dofir e waarmen Appell un all Frënd a Supporter vum DTB, kommt nächste Samschdeg um 14h30 op Lénger fir eis Jongen ze ënnerstëtzen. D’Vergaangenheet huet gewisen dass dëst Duell ëmmer ganz enk a spannend Matcher mat sech bruecht huet, mat ville spektakuläre Bällwiessel a schéine Punkten.

Fir dass mir net mat ze villen Autoen op Lénger fuere mussen, treffen mir eis um 13h15 um Parking vun der Sportshal zu Berbuerg, a fueren vun do aus zesummen an de Süden. JIDDEREEN ass wëllkomm fir mat eis déi 3 Punkten sichen ze fueren!


Go DTB!